Wat ass är Geschicht?

D’COVID-19 Pandemie ass eng global Kris, mee hir Auswierkung op Lëtzebuerg gëtt doduerch beaflosst, wéi d’Mënsche bei eis d’Kris erliewen a sech spéider hin dorun erënneren wäerten.

Mir lueden Iech an, eis beim Sammelen, Versuergen a Presentéiere vu Geschichten, Fotoen an aneren digitalen Erënnerunge vun der Kris ze hëllefen.

Wéi verännert d’Krankheet eis Ëmwelt? Wéi gestallte mir eist Familljeliewe mat bzw. ouni sozialer Distanzéierung? Wéi verännert den Télétravail eist Beruffsliewen? Wéi funktionéieren d’Schoulen am Fernunterrechts-Modus?

Dat sinn nëmmen e puer Froen, zu deene mir gäre perséinlech Erfarunge vun all deenen, déi zu Lëtzebuerg liewen an/oder schaffen, sammele wéilten. Vun Interesse sinn all Zorte vun Texter: Affichen, Warnungen, a Virschrëften, E-Mails, Zeitungs- oder Zäitschrëftartikel, Akafslëschten oder Asazberichter, awer och Fotoen, Zeechnungen, Biller, Sproochnoriichten, Lidder a Videoen, esou wéi Chats oder Posten op de soziale Medien. Mir freeën eis op är Bäiträg.

Gebraucht w.e.g. dëse Formulaire hei fir eis Är Geschicht z'erzielen. Dir kënnt eis och Äre Bäitrag als E-Mail op covidmemory@uni.lu schécken (méi grouss Dateie kënnen eis iwwer entspriechend Online Servicer wéi Wetransfer geschéckt ginn).

Wat ass är Geschicht?

 Wéi huet et ausgesinn, wéi huet et geklongen?

Wéini a wou huet är Geschicht stattfonnt?

Iwwert Iech

Averständniserklärung

Mam Ofschécken vu menger Geschicht:

  • Akzeptéieren ech d’Veraarbechtung vu menge perséinlechen Daten, wéi uginn an der Datenschutzerklärung
  • Deklaréieren ech, dass ech dest Dokument gelies a verstanen hunn: Informationsblat
  • Huelen ech zur Kenntnis, dass ech Froen zum Projet an de potenzielle Konsequenzen a Gefore vun der Publikatioun vu menger Geschicht un des Kontaktadress schécke kann: covidmemory@uni.lu
  • Ech stëmmen zou, dass mäi Bäitrag virun der Publikatioun modifizéiert an duerno eventuell publizéiert gëtt.
  • Ech déklaréieren, dass ech d’Rechter un geeschtlechem Eegentum vun Drëtter (Auteursrechter, Marken, Patenter, asw.) respektéieren a keng Daten ouni Geneemegung reproduzéieren, iwwerdroen oder extrahéieren.
  • Erklären ech, dass ech d’Perséinlechkeetsrechter vun Drëtter , déi op de Biller oder um Toun- oder Videoopnamen ze gesinn oder ze héiere sinn, betruecht hunn.
  • Erdeelen ech d’Erlabnis, mäi Bäitrag op covidmemory.lu ze publizéieren an ze verbreeden.
  • Bestätegen ech dass ech volljäreg sinn.